top of page

LES AMIS DE L'ORGUE DE SAINT JOSEPH ESCH-SUR-ALZETTE ASBL

Déi aktuell Uergel op der Galerie iwwer der Haaptentrée gouf 1977 vun der Westenfelder Uergelfabréck zu Lëntgen (L) gebaut. Et ass dat véiert Instrument vun der Kierch. Bei der Konstruktioun goufe verschidde Regëstere vun der aler Uergel erëmbenotzt, vun deenen et wuel d'Päifen sinn, déi aus dem éischten Instrument dat um Enn vum 19. Joerhonnert gebaut gouf, stamen.

D'Uergel besteet aus 60 Regëster op 4 Manualer (61 Tasten) an engem Pedalwierk (32), déi et erlaben all de barocken, romanteschen a modernen Repertoire ze spillen. Den Organist fënnt virun him eng gutt organiséiert Konsol mat villen elektroneschen Assistenten aus dem 21. Joerhonnert.

Wärend hirem Déngscht gouf d'Uergel vum St. Joseph vun enger houfreger Zuel vu groussen Organiste wéi dem André Isoir (Audioopnam), dem Olivier Messiaen, dem Pierre Pincemaille oder dem Olivier Latry besicht.

D'Uergel ass all Samschdeg a Sonndeg während de reliéise Servicer am Déngscht. 2018 sinn et 5 Organisten déi dës Verantwortung deelen.

 

Zënter dem 31. Januar 2019 huet d'''Amis de l'Orgue de Saint Joseph Esch-sur-Alzette '' den offiziellen Statut vun der ASBL

D'Uergelfrënn soen all deene Merci, déi zu der Gebuert vun dësem Projet bäigedroen hunn.

Amis de l'Orgue Saint Joseph Asbl: Wer wir sind

EIS EQUIPE

School Portrait 2015.JPG

BEN KLECKER

 
President vun der Asbl

42838552_1898377183532784_28502561672533

PHILIPPE CLEMENT

 
Sekretär vun der Associatioun

Amis de l'Orgue Saint Joseph Asbl: Teammitglieder
Amis de l'Orgue Saint Joseph Asbl: Wer wir sind

KONTAKT ZU DEN UERGELFRËNN VUN ST JOSEPH

12 rue de l'église

L-4106 Esch-sur-Alzette

Luxemburg

​

orgue.eschalzette@hotmail.com

53518737_677238936012287_431419247156002
bottom of page